MSSD-2426CDI40 h/semDélai de candidature : 12.12.2024
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Organiséieren, matentwéckelen, ëmsetzen an evaluéiere vun transparenten Aarbechtsofleef am Wunnberäich, esou dass eng zilorientéiert Fleeg a Betreiung geleescht kënne ginn
- Matentwéckelen a Fleege vun engem motivéierten, kompetenten a multidisziplinäre Mataarbechterteam
- Gestioun vun der Fleegeversécherung
- Sécherstelle vun enger korrekter Fleegedokumentatioun, professionnellen Transmissiounen an engem transparenten Leeschtungsnowäis
- Viirschloen a Matschaffe un neie Projetë
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w)
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Kenntnisser an der Gestioun vun der Fleegeversécherung
- Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënsche ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 12.12.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Contact
Maison de Soins Sacré-Coeur
Directeur ff:
Serge KNOCH
18 rue de l'Hôpital
L-9244 DiekircH
Tel: +352 80 33 55 - 1
www.elisabeth.lu