FORM-2401CDI10 h/semDélai de candidature : 31.10.2024
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Deelhuelen un der Organisatioun vun den Aktivitéiten an engem sozialen Netzwierk an der Regioun, zesumme mat regionalen, awer och nationalen an internationalen Acteuren
- Sech abréngen an d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun engem uspriechende Programm mat kulturellen a sportlechen Aktivitéiten, Visitten, Ausflich, Virträg, Seminären, … ennerstëtzen
- D’Basiskonzept unhand vun de Besoine a Wënsch vun der Zilpopulatioun mat weiderentwéckelen
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am socio-éducative Beräich
- Kenntnisser an der Gerontologie a wéi een physesch a mental fit bléift, si vu Virdeel
- Freed um Organiséieren, Ëmsetzen a Begleede vun Aktivitéiten
- Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung
- No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
- Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
- De Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
- Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Kontaktfreedegkeet, Opgeschlossenheet a Sënn fir Humor
- Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Loscht sech mat a fir Mënschen z’engagéieren an dozou bäizedroen, datt d’Leit am Alter (50+) aktiv bleiwen, Neies entdecken, Freed hunn a gären um Liewe vun der Gesellschaft deelhuelen
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Dës Plaz gesäit ee 10 St/W Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours
Délai fir d’Kandidatur: 31.10.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënschen ze hëllefen an een oppent Ouer hutt, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Contact
Direction Générale
Directeur Général Adjoint:
Laurent MERSCH
29 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 1
www.elisabeth.lu