MSSD-2422
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Als Direkter vun der MSSD bitt Dir all de Bewunner Prestatiounen an e Qualitéitsservice, organiséiert nom Projet d‘établissement, Dir respektéiert d’Bedierfnesser vun de Bewunner, déi gesetzlech Obligatioune souwéi d’Wäerter vun eiser Philosophie d’Entreprise.
Dir pilotéiert souwuel d’Erausfuerderunge vun der Pfleeg wéi och di medezinesch-sozial a mënschlech Erausfuerderunge vun eiser Institutioun souwéi hir administrativ, finanziell a logistesch Gestioun. Dir representéiert eis Institutioun intern an extern.
Är Responsabilitéiten :
- An Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun an an enker Koordinatioun mam Direktiounscomité vun der Claire asbl, identifizéiert Dir déi strategesch an operationell Prioritéite vun der Institutioun, Dir suergt fir hir adäquat an adaptéiert Ëmsetzung an Dir organiséiert e strukturéierte Pilotage vun de verschiddenen Aktivitéiten.
- Dir sidd verantwortlech fir den Etablissementsprojet all Dag auszeféieren an Dir suergt fir seng Evolutioun, voire seng Adaptatioun jee no Besoin.
- Dir suivéiert ganz no d’Evolutioun vun de Bedierfnesser vun den eelere Leit op lokalem, regionalem an nationalem Niveau an Dir initiéiert a kollaboréiert an der Entwécklung vun Äntwerten op dës Bedierfnesser an iwwerwaacht nei Projeten.
- Dir suivéiert d‘Admissiounsufroen, empfänkt an assuréiert d’sozial Integratioun vun all Bewunner an der Institutioun.
- Dir suergt fir d’Ëmsetzung vum Orientatiounsprojet, deen d’Konzeptioun vum gerontologeschen an therapeuteschen Accueil spezifizéiert, wéi och den Accueil- a Pfleegeprojet vun all Bewunner, deen zum Ziel huet, de Bien-être an d‘soziaalt Ëmfeld duerch eng partizipativ an inklusiv Approche ze optimiséieren.
- Als Garant vum Bild vun der Institutioun lauschtert Dir aktiv no a sidd am reegelméissege Kontakt mat de Bewunner an hire Familljen.
- Dir suergt fir d’Konformitéit vun de Fleege- an therapeutesche Betreiungspraktiken. Dir konsolidéiert d’Konzept vun der Bientraitance an eng Qualitéitskultur déi d’Bedierfnesser vun de Bewunner wéi och di gesetzlech Ufuerderungen erfëllt.
- Dir pilotéiert, adaptéiert a kontrolléiert d’Demarche vun der Qualitéit a vum Risikomanagement an Dir suergt fir d’Ëmsetzung vu Sécherheets-, Gesondheets- an Hygiène Moossnamen am Aklang mat der Evolutioun vun de Bedierfnesser.
- Dir suergt fir eng efficace Gestioun vun de multidisziplinären Equippen an Dir fërdert en dynamescht a gesond Aarbechtsklima baséiert op Vertrauen an Dialog, am Respekt vun de Wäerter vun der Institutioun.
- Dir kemmert Iech em d’Entwécklung vun enger efficacer Weiderbildungspolitik fir all Mataarbechter.
- Dir fërdert eng kloer a professionell Kommunikatioun mat den Administratioune wéi och mat all eisen externe Partner.
- Dir ënnerhaalt di aktuell Partnerschaften an ënnerstëtzt d’Bedeelegung vun der Institutioun a vun der Claire asbl bei der Schafung vun Netzwierker (« Networking »).
- Zesumme mat de Membere vum Direktiounscomité sidd Dir de Vertrieder vun der Institutioun op allen Niveauen.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Dir hutt en Héichschouldiplom entspriechend den Ufuerderunge vum Artikel 4 (7) vum Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit.
- Dir hutt eng bedeitend Gestiounserfahrung an enger änlecher Funktioun zu Lëtzebuerg, Dir hutt ganz gutt Fäegkeeten am « people management » an Dir beweist Charisma a Leadership ergänzt duerch exzellent mënschlech Qualitéiten.
- Dir sidd disponibel, flexibel a fäeg souwuel an engem Team wéi och onofhängeg ze schaffen.
- Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen a kënnt Iech un all Gespréichspartner upassen.
- Dir sidd eng Vertrauenspersoun mat exzellente Fäegkeete fir Nozelauschteren an Dir sidd capabel d’Evolutioun vun den Aktivitéiten a vum Aarbechtsëmfeld ze anticipéieren.
- Dir hutt e ganz gudde Sënn fir Organisatioun an Dialog souwéi Liichtegkeet Entscheedungen ze treffen.
- Dir sidd bestänneg a riguréis.
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch (minimum niveau B2 attesteiert duerch en Certificat), Franséisch an Däitsch an Dir beherrscht di gängeg Office- an IT-Tools. Dir hutt ganz gutt redaktionell Kapazitéiten an deenen dräi genannte Sproochen.
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
Fir Iech bei dëser grousser Erausfuerderung z’ënnerstëtzen, verséchere mir Iech d’Ënnerstëtzung vum Direktiounscomité vun der Claire asbl, der Generaldirektioun vum Grupp Elisabeth, d’Ënnerstëtzung vun den Equipes dirigeantes vun der MSSD, souwéi engem reegelméissegen Austausch mat den Direktiounen vun den Institutiounen vum Grupp Elisabeth.
Dir hutt Zougang zu de verschidde Netzwierker vun Elisabeth (Copas, Aarbechtsgruppen, Comités de pilotage, asw.)
Zousätzlech kënnt Dir op eis Societéit Apollonia S.A SIS zielen, déi d’Departementer Ressources humaines, Comptabilitéit, Contrôle de gestion, Informatik, Kommunikatioun a Qualitéitsmanagement regroupéiert. D’Zréckgräifen op des kompetent Servicer erlaabt Iech sou vill wéi méiglech Zäit fir Är Haaptverantwortung ze hunn.
Am Fall vun engem Engagement gitt eis w.e.g. déi follgend Dokumenter:
- Casier judiciaire no 4
- Permis de conduire B
- Cours de premiers secours
Delai fir d’Kandidatur : 30.11.2024
Contact
Direction GénéraleDirecteur Général Adjoint:
Laurent Mersch
22 boulevard Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 - 1401
www.elisabeth.lu